![laura_100komma7_2 Photo de la présidente de l'ASTI Laura Zuccoli](https://www.asti.lu/wp-content/uploads/2018/03/laura_100komma7_2.jpeg)
Muer, 21. Mee, ass de Weltdag vun der kultureller Diversitéit, dem interkulturellen Dialog fir de Fridden an der Welt a vun der nohalteger Entwécklung. Dësen Dag misst fir Lëtzebuerg mat senge ville verschiddene Kulturen eng ganz besonnesch Bedeitung hunn. Eng gutt Geleeënheet, sech e puer Gedanken ze maachen iwwer d’Zougehéiregkeetsgefill vun den Awunner zu eiser multikultureller Gesellschaft an iwwer d’Bewosstsinn vun der Politik, datt e friddlecht a solidarescht Zesummeliewe keng Selbstverständlechkeet ass.